www.legotrip.lu Bopebistro - Legotrip Kee Néon vrun der Dir Kee Schëld an enger Rumm Kee Parking fir d'Gefier Dee Bistro hat kee Numm Bei engem Humpen an enger Drëpp sëtzen d'Bopen um Stamminee beim Pëpp. Bei engem Humpen an enger Drëpp sprangen d'Bopen dem Doud vun der Schëpp. 4x Haut steet do eng Bank, A wa mir bis Bope sinn, Eleng an aal a krank Wou gi mir dann hin ? (x2) Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp Wou sëtze mir da wann et kee Pëpp méi gëtt ? Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp ? 4x An d'Moral wann et eng gëtt, Dir Meedecher a Jongen, Net ëmmer heescht de Fortschrëtt, Datt mer och viru kommen. (x2) Drénkt mol en Humpen, drénkt mol eng Drëpp Wéi deemools d'Bopen um Stamminee beim Pëpp ! Bei engem Humpen, an enger Drëpp - Sprangt mat de Bopen dem Doud vun der Schëpp !